Philosophie Art Vivant

Den Art Vivant feiert dest Joer no engem Joer Pandemie säi 75sten Gebuertsdag. Duerchdränkt vu Foarwen, Konscht, Kultur an och vu mënschleche Kontakter a Kreativitéit verbonne mat vill Freed a Schaffen. Et ass eng Mëschung vu Kultur a Kulturen, Schwees a Freed an och mol Tréinen, déi den Art Vivant zu deem gemaat hun wat hien elo ass.

D'Konscht léisst sech net festleën; si ass widderspréchlech an huet en extrem verännerlecht Banneliewen voller Emotiounen mat Héichten an Déiften. All eenzelne Kënschtler ass op séng Manéier gerad esou komplex an intressant.

Am Art Vivant kann ee sech entwéckelen, sech goe loossen an de Risiko och mol huelen, eppes komplett Neits ze presentéieren an ze probéieren sou dat een de Kënschtler gerad esou wéineg festleë kann wéi séng Gefiller oder séng Konscht déi heen am Art Vivant stéckelschesweis virféiert.

Den Art Vivant ass ëmmer lieweg an dat soll hien och weiderhi sin ouni u Qualitéit ze verléieren. Et soll eng Plaz sin wou Kënschtler sech begéine fir Iddiën ze deelen, sech begéinen, sech erëmzegesin, sech weiderhëllefen a fir de Leit hier Konschtwierker ze weisen. Nei Saache solle gewisse gin, nei Kënschtler opgeholl gin ouni awer datt déi, déi scho laang derbäi sin, d'Gefill hun, si ginge verdriwwe gin.

Den Art Vivant ass en Haus vun enger grousser Famille, wou intressant Gespréicher gehaale gin, wou zesumme gemolt oder och einfach gelaacht gët. Intressant an ureegend Ausstellungen am In- an Ausland gi mer och zesumme kucke.

Verantwortung vis-à-vis vun eise Kënschtler
Den Art Vivant setzt alles drun fir séng Kënschtler ze ënnerstëtzen an se och no bausse méi bekannt ze maachen. Den Art Vivant kann eng Zort Kontakt gin an de Kënschtler och op dës Manéier weider hëllefen sief et nëmmen andeems einfach Informatiounen ausgetosch gin.

Verantwortung vis-à-vis vun der Déifferdanger Gemeng
Den Art Vivant huet och eng grouss Verantwortung vis-à-vis vu sénger Gemeng, well dëse Veräin um kulturelle Plang eng Stäip an eng Visitekoart fir d'Gemeng a séng Awunner ass. Mer wëlle gezielt och onbekannte Kënschtler fuerderen a virstellen, se aus dem In- an Ausland zesummebrénge mat Kollegen, déi scho méi Experienz am Fach hun an hinne vläicht duerch déi eng oder aner Manéier weiderhëllefe kënnen. Och bekannt a renomméiert Kënschtler solle weider de Wee bei eis op Déifferdang fannen als 'invité d'honneur', an och ganz jonk Leit solle begeeschtert an ugestach gin vum Feier, dat d'Konscht nu mol ustieche kann.

Konscht muss zum Alldag gehéieren. Konscht huet vill verschidde Facetten a Gesiichter a kann net als eppes ugesi gin, dat helleg an onerreechbar ass. Mer solle keng Angscht hun nei Wéer ze goen; déi scho gezeechent Pied solle mer dobäi net an den Hannergrond stellen: mer wëlle si fir ëmmer matenee verbannen, si e Stéck vun hierem Wee zesumme goe loossen, fir datt se ni an enger Sakgaass ophalen.

Wa mer all zesummen un dat gleewe wat eis verbënd, dat heescht d'Konscht, da wäerde mer e ganz flotten a foarwegen ureegende Wee vrun eis hun, ëmmer nach nom Auguste Trémont séngem Satz: 'd'Konscht ass eppes, dat mat vill Léift an Arbecht och bei engem Amateur op éng héich Stuf ka bruet gin.?

Monique Sophie Regenwetter
Presidentin vum Art Vivant