|
Den Art Vivant huet 2006 séng 62
Joer gefeiert, 62 Joer déi
duerchdränkt woare vu Foarwen,
Konscht, Kultur an och vu
mënschleche Kontakter a Kreativitéit
verbonne mat vill Freed a Schaffen.
Et war eng Mëschung vu Kultur a
Kulturen, Schwees a Freed an och mol
Tréinen, déi den Art Vivant zu deem
gemaat hun wat hien elo ass.
D'Konscht léisst sech net festleën;
si ass widderspréchlech an huet en
extrem verännerlecht Banneliewen
voller Emotiounen mat Héichten an
Déiften. All eenzelne Kënschtler ass
op séng Manéier gerad esou komplex
an intressant.
Am Art Vivant kann ee sech
entwéckelen, sech goe loossen an de
Risiko och mol huelen, eppes
komplett Neits ze presentéieren an
ze probéieren sou dat een de
Kënschtler gerad esou wéineg festleë
kann wéi séng Gefiller oder séng
Konscht déi heen am Art Vivant
stéckelschesweis virféiert.
Den Art Vivant war ëmmer lieweg an
dat soll hien och weiderhi sin ouni
u Qualitéit ze verléieren. Et soll
eng Plaz sin wou Kënschtler sech
begéine fir Iddiën ze deelen, sech
begéinen, sech erëmzegesin, sech
weiderhëllefen a fir de Leit hier
Konschtwierker ze weisen. Nei Saache
solle gewisse gin, nei Kënschtler
opgeholl gin ouni awer datt déi, déi
scho laang derbäi sin, d'Gefill hun,
si ginge verdriwwe gin.
Den Art Vivant ass en Haus vun enger
grousser Famille, wou intressant
Gespréicher gehaale gin, wou zesumme
gemolt oder och einfach gelaacht gët.
Intressant an ureegend Ausstellungen
am In- an Ausland gi mer och zesumme
kucke.
Verantwortung vis-à-vis vun eise
Kënschtler
Den Art Vivant setzt alles drun fir
séng Kënschtler ze ënnerstëtzen an
se och no bausse méi bekannt ze
maachen. Den Art Vivant kann eng
Zort Kontakt gin an de Kënschtler
och op dës Manéier weider hëllefen
sief et nëmmen andeems einfach
Informatiounen ausgetosch gin.
Verantwortung vis-à-vis vun der
Déifferdanger Gemeng
Den Art Vivant huet och eng grouss
Verantwortung vis-à-vis vu sénger
Gemeng, well dëse Veräin um
kulturelle Plang eng Stäip an eng
Visitekoart fir d'Gemeng a séng
Awunner ass. Mer wëlle gezielt och
onbekannte Kënschtler fuerderen a
virstellen, se aus dem In- an
Ausland zesummebrénge mat Kollegen,
déi scho méi Experienz am Fach hun
an hinne vläicht duerch déi eng oder
aner Manéier weiderhëllefe kënnen.
Och bekannt a renomméiert Kënschtler
solle weider de Wee bei eis op
Déifferdang fannen als 'invité
d'honneur', an och ganz jonk Leit
solle begeeschtert an ugestach gin
vum Feier, dat d'Konscht nu mol
ustieche kann.
Konscht muss zum Alldag gehéieren.
Konscht huet vill verschidde
Facetten a Gesiichter a kann net als
eppes ugesi gin, dat helleg an
onerreechbar ass. Mer solle keng
Angscht hun nei Wéer ze goen; déi
scho gezeechent Pied solle mer dobäi
net an den Hannergrond stellen: mer
wëlle si fir ëmmer matenee verbannen,
si e Stéck vun hierem Wee zesumme
goe loossen, fir datt se ni an enger
Sakgaass ophalen.
Wa mer all zesummen un dat gleewe
wat eis verbënd, dat heescht d'Konscht,
da wäerde mer e ganz flotten a
foarwegen ureegende Wee vrun eis
hun, ëmmer nach nom Auguste Trémont
séngem Satz: 'd'Konscht ass eppes,
dat mat vill Léift an Arbecht och
bei engem Amateur op éng héich Stuf
ka bruet gin.?
Mireille WEITEN de WAHA
Presidentin vum Art Vivant
|